Wéinst dem COVID-19 sinn all Aktivitéite vun der Crèche suspendéiert. Méi Informatiounen iwwert Suspensioun vun den Aktivitéiten vun de schoulesche Strukture fannt Dir um Site vum Schoulministère:
Coronavirus: suspension des activités dans les écoles et les structures d’accueil

Dir kënnt awer gäre mat eis iwwer Facebook a Kontakt bleiwen!

Mat beschte Gréiss a bleift gesond,
d’ganz Equipe vun der Crèche Molli
Dir sidd op der Sich no enger Crèche fir äert Kand? Eng aluedend Plaz, no un ärer Aarbecht wou äert Kand wëllkomm ass an duerch qualifizéiert Personal encadréiert gëtt?
Mir bidden ärem Kand en Ëmfeld wou et sech ka wuel fillen, dat seng Virwëtzegkeet ënnerstëtzt an encouragéiert, dat him Loscht gëtt d’Welt ze entdecken an dat seng eege Perséinlechkeet an säi Rhythmus respektéiert.
Mir encadréiert äert Kand an engem waarmhäerzege a familiäre Kader a maachen eis Bescht fir op jidderengem seng Bedürfnisser individuell anzegoen.
An eiser Crèche gëtt haaptsächlech lëtzebuergesch geschwat mä eis Equipe ass multilingue a mir schwätzen och franséisch, däitsch, portugisesch, englesch an italienesch.
Eis Léierpersonal besteet aus qualifizéierte Leit an Remplaçante a Formatioun.