D’Crèche ass 1998 gegrënnt ginn.
Eis Crèche ass an der Rue Baudouin Nummer 27 ze Hollerech. Mir huelen Kanner vun 2 Méint un bis si an d’Schoul ginn. Mir sinn op vu Méindes bis Freides vun 6 Auer 30 bis 18 Auer 30.
D’Personal wiesselt ganz seelen.
D’Crèche huet zwee Stäck. E grousse Gaart mat enger Spillplaz an enger grousser Terrass gehéieren och dozou.
D’Bëbeeën an de grousse Grupp hunn hir eegen Raimlechkeeten, wat et hinnen erlaabt sech no hirem eegenen Rhythmus ze entwéckelen, an dat an enger frëndlecher, geloossener an waarmhäerzeger Ambiance ënnert der Opsiicht vun den qualifizéierten Erzéierinnen.
D’Crèche ass am Dezember 2017 renovéiert ginn. Folgend Fotoen ginn iech en éischten Androck vun eiser Crèche.