Léif Elteren,

Ab dem 1. Februar 2021 gëtt de Catering vun der Firma DUSSMANN iwwerholl. Dussmann engagéiert sech a verschidde Projeten a Konzepter, déi ënner anerem lokal Produiten aus nohaltegem Fëschfank an Fair-Trade Produiten promouvéieren.

En op de prescolairen Domaine spezialiséiert Team vun Dieteticienen an Hygieniker suergt fir eng equilibréiert Ernierung mat vill Vitaminnen, Mineralstoffer, Kuelenhydrater, Proteinnen a wéineg Fett.

D’Moolzechten fir Kanner am Alter vun 4 bis 18 Méint sinn zu 100% ORGANESCH. Doriwwer eraus bereet Dussmann och al Dag Geméis- an Stärkepüreeën souwéi och Friichtekompotten fir Bëbeeën zou.

Vegetaresch Menüe sinn all Dag disponibel.

Liewensmëttelallergien ginn op Presentatioun vun engem Certificat Medical berécksiichtegt.

Dussmann garantéiert eis Liewensmëttelsécherheet fir kleng Kanner an och d’Anhale vun speziellen Diätregimmen.

De Menüsplang gëtt all Woch op der Infostafel am Agang vun der Crèche, op der Facebook-Säit an an der WhatsApp Grupp publizéiert.

D’Direktioun