7h00: Empfank
Moies deelen d’Elteren eis déi wichteg Informatiounen déi hiert Kand betreffen mat. D’Educatrice déi d’Kand empfänkt notéiert déi Informatiounen fir datt och all aneren Member vun der Equipe Bescheed weess an esou dem Kand säin Wuelbefannen versécheren kann.
Bei der Trennung tëscht dem Kand an den Elteren begleet d’Educatrice d’Kand a proposéiert em eng bestëmmten Aktivitéit fir dem Kand déi Trennung ze erliichteren.
9h00: Frühstück/Collatioun
D’Kanner frühstücken all zesummen op engem gemeinsamen Dësch (Schmieren, Kichelcher, Cracotten etc).
9h30: Aktivitéiten
Nom Frühstück ginn d’Kanner frësch gemaach, duerno maachen se Aktivitéiten a Spiller:
  • Fräi Spiller wéi Konstruktiounsspiller (Lego) oder aner Symbolikspiller erlaben hinnen erliefte Situatioune vun doheem oder aus der Crèche ze imitéieren. Fir dem Kand Méiglechkeet ze ginn sech ganz a seng Roll ze integréieren, ass et wichteg dat d’Erzéier net intervenéieren mä just surveilléieren
  • Guidéiert Aktivitéite wéi Bastelen, Danzen, Molen, Modeliséieren, Baken, Sangen, Geschichten erliewen, Ausflich, Visite vun Theaterstécker, Spadséiergäng am Park oder am Péitrussdall, Turnen, op Spillplaze goen … asw.
All dës Aktivitéiten, ob fräi oder guidéiert, si ganz wichteg fir eng gutt Entwécklung (Kreativitéit, Imaginatioun, Gruppeverhalen, Psychomotorik, Kommunikatioun, Gesondheet, … asw.) vum Kand a liewensnoutwenneg fir d’Festege vu senger Personalitéit.
11h30: Hygiène virum Iessen
All d’Kanner ginn virum Iessen gewäsch a frësch gemaach. Verschiddener preparéieren sech fir heem ze goen.
12h00: Moolzecht an éischt Verabschidungen
D’Kanner kréien géint 12h00 z’iessen.
Beim Ofhuelen vun de Kanner erkläert d‘Educatrice den Elteren de ganzen Oflaf vum Dag vun hirem Kand.
13h30: Mëttesrascht
Dee Moment ass noutwenneg fir d’Kanner, fir ze schlofen oder op mannst ze raschten. D’Deeg an der Crèche sinn immens ustrengend wéinst de villen Aktivitéiten déi d’Kanner proposéiert kréien.
15h00: D‘Erwächen
D’Kanner ginn lues wakereg gemaach, frësch gemaach an ugedoen.
15h30: Collatioun
Et gëtt frësch Friichten a Geméis oder och Joghurte fir d’Kanner.
Vun 16h00 bis 18h30: D’Ofhuelen
D’Kanner sinn domat beschäftegt fräi ze spillen wärend se op hier Elteren waarden. D’Educatricen beméien sech den Elteren all déi wichteg Informatiounen iwwert den Dag oder den Nomëtten vun hiren Kanner matzedeelen.