D’Kanner kréien eng gesond, ofwiesslungsräich an equilibréiert Ernierung déi un hir Bedürfnisser ugepasst ass an ëmmer vun beschter Qualitéit an och alles ganz frësch. De Menü vun der Woch ass ëmmer an der Entrée ausgehaangen. Et gëtt och all Dag Uebst a Geméis.
Och wann et wichteg ass jidderengem säi Goût ze respektéieren, ass et un eis Erzéier beim Kand de Wonsch fräizesetzen, Saachen ze schmaachen an esou d’Weiderentwécklung vum Kand ze fërderen, well de Goût ka sech mam Alter änneren.
En individuellen Iessplang gëtt fir all eenzelne Puppelchen mat den Elteren opgesat. Wann d’Elteren net wëllen dass hiert Kand eng gewësse Saach soll iessen da respektéiere mir dat. Mir preparéieren op Basis vun engem detailléierten Zertifikat vum Dokter, en speziellt Iesse fir allergesch Kanner.
Déi Mammen déi hiert Kand niere si wëllkomm bei eis an der Crèche zu all Moment am Dag.
Wann si d’Méiglechkeet net hunn heihinner ze kommen da siche mir mat hinnen zesummen déi Bescht Léisung fir dass si awer mam Nieren weider maachen kënnen.