Eis Agewinnungsphase fir d’Elteren an hir Kanner dauert 1 bis 3 Wochen.
En personaliséierten Empfang gëtt vun eis gemaach fir dem Kand ze hëllefen am Beschte mat den Ännerungen eens ze ginn déi an kuerzer Zéit an sengem Liewen statt fannen.
Sou geséit eng normal Agewinnungsphase aus:
Den éischten Dag kënnt d’Kand mat den Elteren oder engem vun den Elteren an Crèche an des Persoun bleift dann och mam Kand am Grupp sou dass sech beim Kand eng éischt Vertrauensbasis opbaue kann mat den Raimlechkeeten, deenen anere Kanner an och dem Personal.
Den zweeten Termin froe mir d’Eltere fir d’Kand eng Stonn eleng bei eis ze loossen am Grupp. Si sollen awer erreechbar bleiwe wann mir si bréichten.
Wann alles gutt verleeft da ginn déi nächst Terminer all Kéiers méi laang gemaach bis dass d’Kand sech wuel bei eis fillt an och frou ass an Crèche ze kommen.
D’Erzéierinnen maachen sech eng Freed draus den Elteren, wann si d’Kand siche kommen, ze erziele wéi säin Dag an der Crèche verlaf ass.