Am grousse Grupp (Päiperleken) sinn d’Kanner vun 31 Méint un bis zu hirer Entrée an de Precoce oder an d’Spillschoul.

D’Ënnerstëtzung an d’Begleedung zur Selbststännegkeet an d’Virbereedung fir d’Spillschoul sinn e wichtege Bestanddeel vun eisen alldeeglechen Aktivitéiten.

Duerch reegelméisseg Bëschdeeg, Visiten um Bauerenhaff, dem Altersheem oder an der Bibliothéik kënnen d’Kanner eng breet Palette un Erfarungen ausserhalb vun der Crèche kréien.