An der Puppelchersgrupp (Himmelsdéiercher) sinn d’Kanner tëscht 2 Méint an 18 Méint al.

No enger virsiichteger Aféierung an d’Liewen an der Crèche stinn hei déi eenzel Bedierfnesser vun all Kand un éischter Platz.

Reegelméisseg spadséieren, Bëbeesmassage, Fräispill an éischt motoresch Erfarunge gehéieren zum Alldag an der Puppelchersgrupp.