Dagesoflaf bei den Himmelsdéiercher (2-18 Méint)

De Rhythmus vun de Puppelcher gëtt de ganzen Dag duerch agehalen a Punkto iessen, schlofen a Frëschmaachen.

Do dernieft proposéiert d’Equipe dem Puppelchen diversifizéiert Aktivitéiten, ënner anerem Massagen, musikaleschen Eveil, Gesang, Turnen an natierlech och Schmusemomenter.

 

6h30-9h00: Empfank

Moies deelen d’Elteren eis déi wichteg Informatiounen déi hiert Kand betreffen mat. D’Educatrice déi d’Kand empfänkt notéiert déi Informatiounen fir datt och all anere Member vun der Equipe Bescheed weess an esou dem Kand säi Wuelbefanne verséchere kann.

Bei der Trennung tëscht dem Kand an den Elteren gëtt d’Kand vun der Educatrice begleet. 

 

9h00: Frühstück/Collatioun

D’Kanner frühstücken all zesummen op engem gemeinsamen Dësch a kréie Schmieren, Cracotten, Bräi oder hier Mëllech.

 

9h30: Aktivitéiten/Schlofen

Nom Frühstück ginn d’Kanner frësch gemaach an duerno an déi 3 Gruppen opgedeelt (Himmelsdéiercher, Raupen an Päiperleken) fir méi altersgerecht Aktivitéiten unzebidden. 

Déi ganz kleng Bëbeeën gin oft nach e bësse schlofen wärend mat deene méi grousse Bëbeeën verschidden altersspezifesch Aktivitéiten gemaach gin.

Hei schaffe mir no engem festgeluechten Aktivitéitsplang.

Méinden Dënschden Mëttwoch Donneschden Freiden
Himmelsdéiercher Spontan Spontan Turnen/Baby-Massage Spontan Spontan

 

11h00: Moolzecht fir déi ganz Kleng

Déi ganz Kleng (2-12 Méint) kréien hier Dëppercher déi hiren alimentairen Bedierfnesser ugepasst sinn. D’Aféiere vun den Alimenter gëtt progressiv mam Accord vun den Elteren agefouert.

 

11h30: Hygiène virum Iessen

All d’Kanner ginn virum Iesse gewäsch a frësch gemaach. Verschiddener gi preparéiert fir heem ze goen, anerer gi fäerdeg gemaach fir op d Mëttesrascht. 

 

12h00: Moolzecht fir déi méi grouss (ab 12 Méint) an éischt Verabschidungen

Déi méi grouss Kanner vun der Bëbeesgrupp kréie géint 12h00 z’iessen. D’Iesse kann zermuelt, ënner der Form vu Püree oder a ganz kleng Stécker geschnidde servéiert ginn, deemno wéi den Alter an de Besoin vum Kand ass.

Beim Ofhuele vun de Kanner erkläert d‘Educatrice den Elteren de ganzen Oflaf vum Dag vun hirem Kand.

 

13h30: Mëttesrascht

Dee Moment ass noutwenneg fir dass d’Kanner zur Rou kommen.

 

15h00: D‘Erwächen

D’Puppelcher ginn lues wakereg gemaach, frësch gemaach an ugedoen.

 

15h30: Collatioun

Bis 12 Méint kréien d’Bëbeeën Dëppercher oder Kompott ze iessen. Déi méi grouss kréie frësch Friichten.

 

Vun 16h00 bis 18h30: D’Ofhuelen

D’Kanner sinn domat beschäftegt, fräi ze spillen wärend se op hier Eltere waarden. D’Educatricen beméien sech den Elteren all déi wichteg Informatiounen iwwert den Dag oder den Nomëtten vun hire Kanner matzedeelen.