Dagesoflaf Raupen (19-30 Méint)

 

6h30-9h00: Empfank

Moies deelen d’Elteren eis déi wichteg Informatiounen déi hiert Kand betreffe mat. D’Educatrice déi d’Kand empfänkt notéiert déi Informatioune fir datt och all anere Member vun der Equipe Bescheed weess an esou dem Kand säi Wuelbefanne verséchere kann.

Bei der Trennung tëscht dem Kand an den Elteren gëtt d’Kand vun der Educatrice begleet. 

 

9h00: Frühstück/Collatioun

D’Kanner (19-24 Méint) frühstücken zesummen op engem gemeinsamen Dësch am Bebesgrupp wärend déi méi Grouss (24-31 Méint) op engem Dësch am grousse Gruppesall iessen (Schmieren, Kichelcher, Cracotten, Kelloggs etc).

 

9h30: Aktivitéiten

Nom Frühstück ginn d’Kanner frësch gemaach, an déi Kanner déi scho prett sinn ob de Potti. Duerno gi se an déi 3 Gruppen opgedeelt (Himmelsdéiercher, Raupen an Päiperleken) fir méi altersgerecht Aktivitéiten unzebidden.

Hei schaffen mir no engem festgeluechten Aktivitéitsplang.

Méinden Dënschden Mëttwoch Donneschden Freiden
Raupen Aktivitéit am Gruppesall Aktivitéit am Gruppesall Wiss / Terrasse Aktivitéit am Gruppesall Turnen

 

11h30: Hygiène virum Iessen

All d’Kanner gi virum Iesse gewäsch a frësch gemaach. Och hei ginn déi méi grouss schonn op de Potti.

 

12h00: Moolzecht an éischt Verabschidungen

D’Kanner kréie géint 12h00 z’iessen. D Kanner vun 19-24 Méint iessen am Bebesgrupp zesummen op engem Dësch, wärend déi Kanner vun 24-31 Méint am Sall vun deene Grousse mat iessen.

Beim Ofhuele vun de Kanner erkläert d‘Educatrice den Elteren de ganzen Oflaf vum Dag vun hirem Kand.

 

13h30: Mëttesrascht

Dee Moment ass noutwenneg fir d’Kanner, fir ze schlofen oder op mannst ze raschten. D’Deeg an der Crèche sinn immens ustrengend wéinst de villen Aktivitéiten déi d’Kanner proposéiert kréien.

D Kanner vun 19-24 Méint schlofen nach weiderhin am Gitterbettchen an de Kummere bei de Bëbeeën, wärend déi Kanner vun 24-30 Méint op de klenge Bettercher am grousse Gruppesall zur Rou kommen.

 

15h00: D‘Erwächen

D’Kanner gi lues wakereg gemaach, ginn op de Potti an gi frësch gemaach, an ugedoen.

 

15h30: Collatioun

Et gëtt frësch Friichten a Geméis oder och Jughurte fir d’Kanner.

Och hei iessen d’Kanner vun 19-24 Méint nach op hirem Dësch am Bebesgrupp wärend déi méi Grouss 24-30 Méint op engem eegenen Dësch am Gruppesall vun deene Groussen iessen.

 

Vun 16h00 bis 18h30: D’Ofhuelen

D’Kanner sinn domat beschäftegt fräi ze spillen wärend se op hier Eltere waarden. D’Educatrice beméien sech den Elteren all déi wichteg Informatiounen iwwert den Dag oder den Nomëtten vun hire Kanner matzedeelen.