Dagesoflaf Päiperleken (31-48 Méint)

 

6h30-9h00: Empfank

Moies deelen d’Elteren eis déi wichteg Informatiounen déi hiert Kand betreffe mat. D’Educatrice déi d’Kand empfänkt notéiert déi Informatioune fir datt och all anere Member vun der Equipe Bescheed weess an esou dem Kand säi Wuelbefanne verséchere kann.

Bei der Trennung tëscht dem Kand an den Elteren gëtt d’Kand vun der Educatrice begleet. 

 

9h00: Frühstück/Collatioun

D’Kanner frühstücken all zesummen op engem gemeinsamen Dësch (Schmieren, Cracotten, Kelloggs, Knäckebrout etc).

 

9h30: Aktivitéiten

Nom Frühstück ginn d’Kanner ob d’Toilette. Se wäschen hier Fangeren an hiert Gesiicht an déi Kanner déi nach eng Pampers brauche gi frësch gemaach. Dono ginn d’Kanner déi zu de Raupe gehéieren an den 3ten Grupp, fir méi altersgerecht Aktivitéiten ze maachen.

Hei schaffe mir och rëm no eisem festgeluechten Aktivitéitsplang.

Méinden Dënschden Mëttwoch Donneschden Freiden
Päiperlek Turnen Bësch Aktivitéit am Gruppesall Turnen Aktivitéit am Gruppesall

 

11h30: Hygiène virum Iessen

All d’Kanner gi virum Iessen erëm ob d’Toilette an da frësch gemaach.

 

12h00: Moolzecht an éischt Verabschidungen

D’Kanner kréie géint 12h00 z’iessen.

Verschidde Kanner ginn nom Iessen ofgeholl. Beim Ofhuelen vun de Kanner erkläert d‘Educatrice den Elteren de ganzen Oflaf vum Dag vun hirem Kand.

 

13h30: Mëttesrascht

Dee Moment ass noutwenneg fir d’Kanner, fir ze schlofen oder op mannst ze raschten. D’Deeg an der Crèche sinn immens ustrengend wéinst de villen Aktivitéiten déi d’Kanner proposéiert kréien.

 

15h00: D‘Erwächen

D’Kanner gi lues wakereg gemaach, ginn op d’Toilette, frësch gemaach an ugedoen.

 

15h30: Collatioun

Et gëtt frësch Friichten a Geméis oder och Jughurte fir d’Kanner.

 

Vun 16h00 bis 18h30: D’Ofhuelen

D’Kanner sinn domat beschäftegt fräi ze spillen wärend se op hier Eltere waarden. D’Educatrice beméie sech den Elteren all déi wichteg Informatiounen iwwert den Dag oder den Nomëtten vun hiren Kanner matzedeelen.