Coronavirus: D’Erzéiungs- a Betreiungskontrakter ginn reaktivéiert

Vum 16. Juli 2020 u funktionéieren d’Betreiungsstrukture fir kleng Kanner nees mat normalgrousse Gruppen.

D’Erzéiungs- a Betreiungskontrakter, déi tëschent den Elteren an der Betreiungsstruktur virum Confinement ofgeschloss goufen an zanterhier suspendéiert sinn, ginn de 16. Juli 2020 reaktivéiert.